(Go: >> BACK << -|- >> HOME <<)

Op den Inhalt sprangen

Nico Rosberg

Vu Wikipedia
Nico Rosberg
Däitschland, Finnland
Formel-1-Grand-Prix
Éischte Grand Prix Bahrain
2006
Formel-1-Ecurie
2006–2009: Williams
2010–2016: Mercedes
Formel-1-Statistik
Courssen Polepositiounen
206 30
Podien Gewënner
57 23
Séierst Ronnen 1
Féierungsronnen 20
iwwer 55,7 km
WM-Titel 1 (2016)
WM-Punkten 1594.5
(Aktualiséiert: 3. Juni 2024)

Den Nico Erik Rosberg, gebuer de 27. Juni 1985 zu Wiesbaden, ass en däitsch-finnesche fréiere Motorsport- a Formel-1-Pilot.

Tëscht 2006 an 2016 ass hien an der Formel 1 matgefuer an huet 2016 de Weltmeeschtertitel fir Mercedes-AMG Petronas gewonnen. E puer Deeg no där Victoire huet hien ugekënnegt, sech als Pilot aus dem Motorsport zréckzezéien.

Liewen a Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Den Nico Rossberg ass dat eenzegt Kand vum finnesche Formel-1-Weltmeeschter vun 1982, dem Keke Rosberg, a senger däitscher Fra Sina Rosberg. Hien ass haaptsächlech zu Monaco opgewuess.

Am Alter vu sechs Joer huet hie mam Karting ugefaangen a scho fréi Erfolleger gefeiert, andeem hien déi regional an déi national franséisch Meeschterschafte gewonnen huet, éier en u den Europameeschterschaften an de Weltmeeschterschaften deelgeholl huet. Mat 16 Joer ass hien op den Automotorsport iwwergewiesselt an huet mat VIVA Racing d'Formel BMW 2002 gewonnen. 2003 an 2004 ass hie mam Team Rosberg an déi méi héicht Formel-3-Euroserie gewiesselt, éier en 2005 déi nei gegrënnt GP2-Serie gewonnen huet. D'Joer drop huet hie bei der Formel 1 ugefaangen.

Tëscht 2006 an 2009 ass den Nico Rosberg fir Williams gefuer an huet fir déi Ekipp 2008 zweemol de Podium erreecht. 2010 ass e bei Mercedes gewiesselt, wou en un der Säit vum siwefache Weltmeeschter Michael Schumacher gefuer ass. Beim Grousse Präis vu China am Joer 2012 huet hie fir d'éischt Kéier eng Course gewonnen. Vun 2013 bis 2016 war hie Coequipier vu sengem fréiere Kartingkolleg a spéidere Weltmeeschter Lewis Hamilton. De Rosberg gouf zeemol hannert sengem Teamkolleg den Zweeten, an a senger leschter Saison huet hie géint den Hamilton gewonnen an 2016 de Titel krut. Nom Graham an Damon Hill sinn den Nico Rosberg a säi Papp Keke déi zweet Papp-Fils-Koppel, déi allebéid Motorsportweltmeeschterschafte gewonnen hunn.

Fënnef Deeg no senger Victoire huet den Nico Rosberg säi Récktrëtt vum Rennsport bekannt ginn. Als Haaptgrond huet hien uginn, méi Zäit mat senger Famill wëllen ze verbréngen an net ze wëllen, datt säi Fuertalent sech verschlechtert. Am Ganzen huet ass hien 206 Grand Prixe gefuer, vun deenen en der 23 gewonnen huet. 57 Mol stoung en um Podium, 30 ass en op d'Pole Position gefuer an 1594,5 WM-Punkten huet e gesammelt.

Zënter sengem Récktrëtt ass de Rosberg als Pilotemanager, Televisiounskommentator an Entrepreneur aktiv. 2007 gouf hien nach mam Laureus World Sports Award als Newcomer vum Joer ausgezeechent. D'Joer drop gouf hien an d'FIA Hall of Fame opgeholl.


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]


Commons: Nico Rosberg – Biller, Videoen oder Audiodateien