Wikipedia
tokipona:lipu sona Wikipesija
Wikipedia ass eng frai multilingual Encyklopedie, déi vun Fraiwëllegen geschriwwen gëtt an um Wikikonzept baséiert. Juli 2004 goufen et méi wéi 800 000 Saiten an iwwer 50 verschiddenen Sproochen. Déi lëtzebuergesch Versioun fannt der ennert http://lb.wikipedia.org.
Bedeitung vum Numm
Wikipedia besteet aus :
- Wiki, waat vun wiki wiki kennt an schnell op hawaïanesch heescht,
- pedia, aus dem griecheschen paideia, waat souvill bedeit wéi éducatioun.
Ursprong vum Projet
Genee wéi Nupédia gett Wikipedia vun der Free Software Foundation vum Richard Stallman ënnerstëtzt. Den Stallman ass eng vun den Persounen deen d'Iddi vun enger fraier universeller Encyklopedie vertrueden huet (liest dozou och "The Free Universal Encyclopedia and Learning Resource").
Haaptcharakteristiken
Den Wikipediaprojet huet drai Haaptcharakteristiken, déi en am World Wide Web définéieren an eenzegarteg maachen:
- Den Wikipediaprojet ass eng Encyklopedie -- a keen Dictionnaire, en Forum, etc. Liest heizou och waat Wikipedia net ass.
- Den projet ass ausserdeem een wiki. Een wikiwiki erlaabt d'Kreatioun an d'Modificatioun vun all Sait vun jidderengem. Wikipedia ass dei éischt generell Encyklopedie généraliste déi ënnert dësem Format gegrënnt gouf.
- Wikipedia ass frai, ënnert der Lizens GNU GFDL. D'frai Texter gin dem "grand public" vum Propriétaire vun der Lizens offréiert, an erlaaben jidderengem den Text emzeänneren an weiderzeverbreeden. All User kann den Contenu vun Wikipedia, suguer zu kommerziellen Zwecker, notzen, wann en Wikipedia als seng Quell ugett an d'GNU Lizens respektéiert.
D'Mataarbeschter vun Wikipedia schaafen zesummen Regelen an Recommandatiounen fir datt de Projet gudd leeft.
Historique
Den Projet gouf vum Jimmy Wales an Larry Sanger am Januar 2001 gegrennt. Den Larry Sanger huet daat éischt Joër di englesch Versioun geleed.
Aaner Projet'en am Zesummenhang mat Wikipedia :
- Wiktionary : een Dictionnaire an Thesaurus op wiktionary.org, deen den 12. Dezember 2002 an d'Liewen geruff gouf
- Wikiquote : eng Usammlung vun Zitater, ze fannen op http://wikiquote.org/, besteet seit dem 27. Juni 2003,
- Wikibooks : eng online Bibliothéik déi sech un Studenten riicht, http://www.wikibooks.org, gegrënnt den 10. Juli 2003.
Den 20. Juni 2003 gouf d'Fondatioun Wikimedia, http://wikimediafoundation.org, gegrënnt fir déi verschidden Projet'en vun Wikipedia ze geréieren an ze finanzéieren.
Eng Pabeier/CD-ROM Versioun gouf am August 2003 vum Jimbo Wales proposéiert. Liest heizou w:User:Jimbo Wales/Pushing To 1.0.
Matarbechter
Un Wikipedia schaffen dagdeeglech eng grouss Unzuel vun User, Wikipedianer genannt.
Et gëtt eigentlech keen richtegen "Chef" vun Wikipedia. Während 13 Méint gouf den Larry Sanger vun Bomis, der Firma vum Jimbo Wales, als Chefredakter vun der englescher Wikipedia bezuelt. Am Februar 2002 huet hien démissionnéiert. Aktuell an fréier Matarbechter vun Bomis schaffen um Projet mat, sou z.B. den Tim Shell fir d'Encyklopedie oder den Jason Richey an Toan Vo als Developpeuren.
Technesch Aspekter
Wikipedia an seng Parallel-Projet'en sin frai WikiWikiWebs. D'Wikis sin dynamesch Websaiten, wou all Visiteur d'Sait déi en graad liest modifiéieren kann. Den WikiWiki ass nach méi einfach wéi HTML.
Op Wikipedia kann all Mensch sein Pefferkär zu engem Artikel beidroen, Feeler verbesseren an zesummen mat aaneren un knifflegen Themen schaffen. Den kompletten Historique vun den Kontributiounen bléiwt ëmmer gespaichert.
Wikipedia funktionnéiert mam fraien Logiciel MediaWiki.
Am Februar 2004 gouf et Wikipedia an iwwer 50 Sproochen. 10 dovunner hun méi wéi 10 000 Artikelen. D'Versiounen mat de meeschten Artikelenb sin déi englesch (213 000), déi daitsch (53 000), déi japanesch (32 000) an déi franséisch (27 000.
D'Datenbank erooflueden
All d'Datenbanken kënnen hei eroofgelueden gin: http://download.wikipedia.org