Den James Bond ass e sophistikéierte brittesche Spioun, dee vum Ian Fleming erfonnt gouf an an deem senge Bicher virkënnt (spéiderhin och an de Bicher vun aneren Auteuren). De Fleming huet säi Personnage nom amerikaneschen OrnithologJames Bond benannt, mat der Begrënnung, "[his] brief, unromantic, Anglo-Saxon, and yet very masculine name was just what I needed". De Bond huet de Codenumm "007", deen "double-ou seven" ausgeschwat gëtt, wat bedeit datt hien d'Autorisatioun huet, op senge Missioune Leit ëmzebréngen.
Vum James Bond gëtt et eng Serie vu Filmer, déi e grousse Succès kennt. Si goufe gréisstendeels vun United Artists oder MGM op de Marché bruecht. Et gëtt och eng Rei vu Videospiller déi op Filmer baséieren an e puer mat Originalskripte mat dem Personnage.
Déi vill a verschidde James Bond-Romaner a -Filmer hunn, mat de Joren, de Stil geännert: vu realistesche Spionagedramen op Science Fiction hin zu Actionfilmer ... > méi
... vum Zwergplanéit Pluto ugeholl gouf, et wier e fréiere Mount vum Neptun, ier 1978 entdeckt gouf, datt de Pluto selwer 5 Mounden huet?
... Zwergstaaten an der Reegel eng Landfläch vun ënner 1.000 km² hunn?
... den Zwergmammut (Mammuthus exilis) eng ausgestuerwen Aart aus der Famill vun den Elefanten, seng Kierpergréisst am Laf vun de Jore reduzéiert huet, well op der Insel wou e gelieft huet, de Kascht limitéiert war?
1985: Virun engem Foussballmatch am Bréisseler Heysel-Stadion kënnt et zu enger Massepanik, bei där 39 Leit ëm d'Liewe kommen an iwwer 200 blesséiert ginn.