D'Wierder gi staark flektéiert, wéi am Latäin an am Griicheschen, an hir Betounung spillt eng wichteg Roll.
Am Russesche gëtt et männlech, weiblech a sächlech Substantiven. Si ginn a sechs Fäll deklinéiert, an der Eenzuel an an der Méizuel. Doriwwer eraus ënnerscheet een am Russeschen nach tëscht liewegen an net liewege Substantiven. Déi lieweg Wierder bezeechnen eng Persoun, Mënschen, Déieren, Engelen, Gott etc. Déi net lieweg Substantiven designéieren Objeten an abstrakt Substantiven. Dës Andeelung huet e klengen Afloss op Deklinatioun.
Am Russesche gëtt et och vill friem Aflëss aus anere Sproochen. Dës Substantive ginn heiansdo net deklinéiert a sinn invariabel, souwuel an der Eenzuel wéi och an der Méizuel... > méi
Wousst Dir schonn datt...
… de Meuse-Musel-Kanal e Projet aus den 1820er Jore war, deen, queesch duerch d'Ardennen, Léck hätt solle mat Waasserbëlleg verbannen, an deen zwar ugefaangen, awer ni fäerdeg gemaach gouf?
... de Prix Grand-Duc Adolphe e Konschtpräis ass, deen zu Lëtzebuerg zanter 1902 all zwee Joer (virun 1995: meeschtens all Joer) un een oder méi Kënschtler vergi gëtt, déi um Salon vum Cercle Artistique de Luxembourg (CAL) ausgestallt hunn?
...de Félix Thyes (1830-1855) deen éischte lëtzebuergesche Schrëftsteller a franséischer Sprooch war?
... d'Lidd Bella Ciao ursprénglech iwwer dat schwéiert Liewe vu Räis-Baierinnen am Piemont erzielt, déi ënner hirem strenge Patron ze leiden haten, méi spéit awer an en antifaschistescht Partisane-Lidd ëmgedicht gouf?
... d'Staatlech Pressehëllef, déi zu Lëtzebuerg 1976 agefouert gouf, fir de Meenungspluralismus ze stäipen, sech am Joer 2018 op eng 8,16 Milliounen Euro belaf huet?