De Raymond Petit, gebuer de 16. Januar 1920 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen den 21. Abrëll 1942 zu Bäerdref, war e lëtzebuergesche Student a Resistenzler, deen ënner den Aliassen AC13 oder Fernand Schmitt gewierkt huet.
Hien huet am September 1940, ënnerstëtzt, ënner anerem, vu sengem Frënd Erny Gillen, zu Iechternach d'Resistenzorganisatioun L.P.L. gegrënnt. Hie gouf vun den Nazie verfollegt an huet sech, op der Flucht virun der Gestapo, den 21. Abrëll 1942 d'Liewe geholl.
Fir un hien z'erënneren, gouf 2008 zu Bäerdref eng Strooss no him genannt an e Monument opgeriicht...
> méi
Wousst Dir schonn datt...
... d'Zuel vun de Supermarchéën zu Lëtzebuerg tëscht 1996 an 2016 vun 42 op 106 eropgaangen ass?
...Rio de Janeiro iertemlech no engem "Januar-Floss" genannt gouf, deen et awer net gëtt?
... den 18. Mee1975 ronn 12.000 jonk Leit zu Lëtzebuerg op ee Coup groussjäreg goufen, well den Alter dofir per Gesetz vun 21 op 18 Joer erofgesat gouf?
... dem belsche Kënschtler Paul Van Hoeydonck säi Fallen Astronaut dat eenzegt Konschtwierk ass, dat bis ewell um Äerdmound installéiert gouf?
1985: Virun engem Foussballmatch am Bréisseler Heysel-Stadion kënnt et zu enger Massepanik, bei där 39 Leit ëm d'Liewe kommen an iwwer 200 blesséiert ginn.