Foussgänger: Ënnerscheed tëscht de Versiounen
k HC: Kategorie:Fortbeweegung komplettéieren |
Kee Resumé vun der Ännerung |
||
Linn 8: | Linn 8: | ||
Bei enger Vitess op flaachem Buedem vun ënner 4 km/h schwätzt ee vun normalem Goen. Vu 4 bis 5 km/h ass et en dynamescht, tëscht 5 a 6 km/h e séiert an iwwer 6 km/h e sportlecht Goen. |
Bei enger Vitess op flaachem Buedem vun ënner 4 km/h schwätzt ee vun normalem Goen. Vu 4 bis 5 km/h ass et en dynamescht, tëscht 5 a 6 km/h e séiert an iwwer 6 km/h e sportlecht Goen. |
||
== Foussgänger am Stroosseverkéier == |
|||
=== Lëtzebuerg === |
|||
De Begrëff vum Foussgänger ass net am [[Code de la route (Lëtzebuerg)|Lëtzebuerger Code de la route]] definéiert; verschidde Stroossebenotzer sinn de Foussgänger awer gläichgesat, sou z. B. e [[Rollschong]]-oder [[Skateboard|Skateboardfuerer]]<ref>Art. 2 – Punkt 2.15.f)</ref>, Persoun an engem net-motoriséierte [[Rollstull]]<ref>Art. 2 – Punkt 5.3.</ref> , |
|||
De Foussgänger muss awer eng Rëtsch Reegelen anhalen, wéi ë. a.<ref>{{Citation|url=https://legilux.public.lu/eli/etat/leg/code/route/20240210|titel=Art. 162 – Arrêté grand-ducal du 23 novembre 1955 portant règlement de la circulation sur toutes les voies publique|bezochtdatum=14.05.2024|datum=23.11.1955|uitgever=legilux.public.lu|Sprooch=fr}}</ref>: |
|||
* De Foussgänger muss um [[Trëttoir]] oder um obligatoresche Wee fir Cyclisten a Foussgänger goen, soulaang dee benotzbar ass. Wa keen Trëttoir oder keen esou e Wee do ass, däerf en am [[Summerwee]] goen, wann och kee Summerwee do ass, dann däerf en op der Strooss goen; |
|||
* en däerf nëmmen op d'Strooss trëppelen wann e sécher ass, datt en dat ouni Gefor an ouni Behënnerung fir aner Benotzer maache kann; |
|||
* e muss vertikal zur Achs vun der Strooss iwwer d'Strooss goen; |
|||
* wann e bis am Gaang ass iwwer d'Strooss ze goen, däerf en net träntelen oder ouni Grond stoebleiwen; |
|||
* e muss iwwer de [[Foussgängeriwwergank]] goen, wann dee bannent 30 m. z'erreechen ass; |
|||
* bei engem Foussgängeriwwergank dee mat [[Verkéiersluucht|Luuchte]] gereegelt ass, däerf de Foussgänger nëmmen iwwer d'Strooss goen, wann et [[gréng]] ass oder – am Fall vun eefaarwege Luuchten - wann déi [[rout]] Luucht aus ass. |
|||
Et gëtt och nach verschidde Virschrëften wat z. B. d'[[Foussgängerzon]], d'[[Wunnzon]] oder d'[[Zon fir sech ze begéinen]] ugeet. |
|||
{{Referenzen an Notten}} |
|||
[[Kategorie:Fortbeweegung]] |
[[Kategorie:Fortbeweegung]] |
Versioun vum 18:19, 14. Mee 2024
E Foussgänger ass eng Persoun déi sech zu Fouss fortbeweegt, andeem se geet oder leeft, am Géigesaz zu enger déi e Gefier benotzt. De Foussgänger zielt zur duusser Mobilitéit.
D'Vitess vun engem Foussgänger läit bei ronn engem Meter pro Sekonn (m/s), dat entsprécht 3,6 km/h. E Wanderer geet am Duerchschnëtt mat 2,5 bis 4 km/h an e Foussgänger am dichten urbanen Ëmfeld mat 4 bis 5 km/h.
Bei enger Vitess op flaachem Buedem vun ënner 4 km/h schwätzt ee vun normalem Goen. Vu 4 bis 5 km/h ass et en dynamescht, tëscht 5 a 6 km/h e séiert an iwwer 6 km/h e sportlecht Goen.
Foussgänger am Stroosseverkéier
Lëtzebuerg
De Begrëff vum Foussgänger ass net am Lëtzebuerger Code de la route definéiert; verschidde Stroossebenotzer sinn de Foussgänger awer gläichgesat, sou z. B. e Rollschong-oder Skateboardfuerer[1], Persoun an engem net-motoriséierte Rollstull[2] ,
De Foussgänger muss awer eng Rëtsch Reegelen anhalen, wéi ë. a.[3]:
- De Foussgänger muss um Trëttoir oder um obligatoresche Wee fir Cyclisten a Foussgänger goen, soulaang dee benotzbar ass. Wa keen Trëttoir oder keen esou e Wee do ass, däerf en am Summerwee goen, wann och kee Summerwee do ass, dann däerf en op der Strooss goen;
- en däerf nëmmen op d'Strooss trëppelen wann e sécher ass, datt en dat ouni Gefor an ouni Behënnerung fir aner Benotzer maache kann;
- e muss vertikal zur Achs vun der Strooss iwwer d'Strooss goen;
- wann e bis am Gaang ass iwwer d'Strooss ze goen, däerf en net träntelen oder ouni Grond stoebleiwen;
- e muss iwwer de Foussgängeriwwergank goen, wann dee bannent 30 m. z'erreechen ass;
- bei engem Foussgängeriwwergank dee mat Luuchte gereegelt ass, däerf de Foussgänger nëmmen iwwer d'Strooss goen, wann et gréng ass oder – am Fall vun eefaarwege Luuchten - wann déi rout Luucht aus ass.
Et gëtt och nach verschidde Virschrëften wat z. B. d'Foussgängerzon, d'Wunnzon oder d'Zon fir sech ze begéinen ugeet.
Referenzen an Notten
- ↑ Art. 2 – Punkt 2.15.f)
- ↑ Art. 2 – Punkt 5.3.
- ↑ (fr)Art. 162 – Arrêté grand-ducal du 23 novembre 1955 portant règlement de la circulation sur toutes les voies publique. legilux.public.lu (23.11.1955). Gekuckt de(n) 14.05.2024.